Den 28. August hëllt de Quick nees eng Expansiounspolitik am Groussherzogtum Lëtzebuerg op
No der Ouverture vum Quick Kierchbierg, wäert en aachte Restaurant zu Bascharage opgemaach ginn
En aachte Quick ass scho geplangt an dësem Land mat groussem Potential
Säit den éischte Quick sech 1983 am Groussherzogtum Lëtzebuerg installéiert huet, sinn 6 weider Restauranten am Land dobäikomm: Bartreng, Walfer, Houwald, Esch-Uelzecht, Lëtzebuerg-Gare a schliisslech Kierchbierg. Ufank 2010 plangt de Grupp en aachte Restaurant zu Bascharage opzemaachen.
Dës 2 nei Ouverturen am Grand-Duché konfirméieren dem Quick säi Wëlle seng Développementer zu Lëtzebuerg ze accéléréieren. Sou präziséiert d’Annick Van Overstraeten, Generaldirekter vun den Operatioune Quick BeLux: „Nodeems mir déi existent Restauranten konsolidéiert hunn, verfollege mir lo nees eng Expansiounsstrategie andeems mir d’Investissementer déi mir säit Jore geplangt hate konkretiséieren. Mir sinn dovun iwwerzeegt datt Lëtzebuerg e grousse Potential huet, dofir analyséiere mir weider all Chancë fir Développementer déi sech eis presentéieren.“
Quick wäert ongeféier 60 nei Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg schafen
D’Développementer vu Quick zu Lëtzebuerg bréngen och vill nei Aarbechtsplaze mat sech. Zur Zäit beschäftegt de Grupp méi wéi 170 Mataarbechter zu Lëtzebuerg. No den Ouverturë vun de Restauranten um Kierchbierg an zu Bascharage wäert de Grupp ongeféier 60 nei Aarbechtsplaze fir Ufank 2010 schafen a mat der Formatioun vu senge Mataarbechter weiderfueren.
De Quick um Kierchbierg ganz a „Loft“-Ambiance
Den neie Quick-Restaurant um Kierchbierg steet am Zentrum vun der Extensioun vum neien Auchan-Akafszentrum. Dësen Akafszentrum direkt vis-à-vis vum Kinoskomplex Utopolis ass dee gréissten am Land. De Restaurant huet méi wéi 220 Sëtzplazen. En ass mat interaktive Bornen équipéiert déi et de Clienten déi dat wëllen erlaaben hire Lieblingshamburger direkt iwwert den interaktive Bildschierm ze bestellen.
D’läscht Joer huet Quick d’Dekoratioun „Lounge“ a „Loft“ lancéiert fir besser op senge Clienten hir Wënsch a Besoinen anzegoen. De Konsument ass permanent op der Sich no neie Goûten a no Plaze wou de „Bien-être“ déi iewescht Prioritéit huet. Fir sou eng Exigenz brauch ee logescherweis héichwäerteg Produkter an Déngschtleeschtungen, mä awer och eng waarmhäerzeg a trendeg Dekoratioun an de Quick-Restauranten.
D’Wiel vum Konzept Loft erkläert sech duerch de Styl vum Restaurant um Kierchbierg. D’Annick Van Overstraeten präziséiert: „D’Qualitéit vun eise Produkter ass eis iewescht Prioritéit, mä mir wëllen awer och datt den Design vun eiser Dekoratioun et eise Clienten erlaabt aus hirer Visite eng eenzegaarteg Experienz ze maachen. Dofir adaptéiere mir de Konzept vun eiser Dekoratioun un den Typ vu Visiteur an un déi existent Beräicher. De Konzept Loft passt fir méi e grousse Restaurant wéi deen um Kierchbierg, well e sech op d’Occupatioun vum Raum an op d’Cloisonnementer konzentréiert.“
De Konzept Loft besteet aus 3 urbane Microstyler. De Freetime@loft offréiert waarmhäerzeg Raim fir Gruppe vu Frënn a Koppelen, mat Canapéen, Banquetten mat 2 Plazen a klengen Dëscher. Fir Leit déi eleng iessen a fir Geschäftsleit bréngt Work@loft e Gefill vun Rapiditéit an Efficacitéit duerch d’Installatioun vu Plaze fir am Stoen z’iessen an vun Dëscher no beim Comptoir a bei den Haaptdieren. De Styl Family@loft, wéi säin Numm et scho seet, ass den Deel vum Loft - no bei der Zon Magic Planet - dee fir Familljen a gréisser Gruppe geduecht ass. Hei fënnt ee grouss Dëscher fir 10 Leit a riseg dekorativ Suspensiounen déi eng familiär a sympathesch Ambiance kreéieren.
Déi lëtzebuergesch Restauranten déi schonns hiren Dekor geännert hu sinn de Quick zu Walfer (Oas), Bartreng (Loft) an Esch-Uelzecht (Oas). Mir wäerten eis Politik vum Remodeling an den nächste Jore weiderféieren.





